De STATEC

De Statec (Nationalen Institut fir Statistiken) ass eng Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère steet.

E benefizéiert awer vun enger wësseschaftlecher a berufflecher Onofhängegkeet, d.h. de Statec bestëmmt säin Aarbechtsprogramm am Aklang mat der nationaler an europëscher Legislatioun fir Statistiken, e produzéiert a verëffentlecht Donnéeë mat vollstänneger Neutralitéit.

Seng Missioune bestinn dorëms, den ëffentlechen a privaten Decideuren, souwéi de Bierger, en héichwäertegen ëffentlechen Déngscht fir Statistikinformatiounen unzebidden.

De Statec engagéiert sech, Statistiken, Analysen an Etuden durchzeféieren, déi en detailléiert, zouverléissegt an objektiivt Bild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft weisen.

Da koordinéiert en och de lëtzebuergesche Statistiksystem, deen nom Prinzip vun der statistescher Zentralisatioun organiséiert ass.

Aktualiséiert